
En Donneschdeg de Moie koum et tëscht Hillerød a Kagerup eng véierzeg Kilometer nërdlech vu Kopenhagen zu engem Accident mat zwee Zich. Éischte Meldunge vun der Police an de lokale Medien no gouf et dobäi méi Blesséierter. Am Laf vum Moie gouf et d'Präzisioun, datt 17 Leit verletzt goufen, fënnef dovu wieren an engem "kriteschen Zoustand".
"Et gouf e schwéieren Zuchaccident. Zwee Zich si matenee kollidéiert an d'Police wéi och d'Rettungsdéngschter goufen a grousser Zuel mobiliséiert", schreift déi lokal Police an engem Communiqué. Op der Plaz heescht et da vun der Police, datt een aktuell keng weider Detailer iwwert d'Ëmstänn vum Accident ka ginn. Och, wéi et zu dësem konnt kommen, ass aktuell onkloer.