US-Medie mellenDen US-Verdeedegungsministère soll eng Buedemoffensiv am Iran preparéieren

AFP
Spezialunitéite sollen op der Insel Kharg intervenéieren.
Das US-Verteidigungsministerium hat Medienberichten zufolge weit fortgeschrittene Pläne für eine wochenlange Bodenoffensive im Iran vorgelegt. Die Pläne umfassten Einsätze auf der Insel Charg sowie in Küstenstandorten nahe der Straße von Hormus.
© 2026 Planet Labs PBC/AFP

Wéi verschidde Medie mellen, preparéiert de Pentagon eng wochelaang Buedemoffensiv am Iran: d’Washington Post berifft sech op anonym Sourcen, no deene virgesi wier, datt Spezialunitéiten a Buedemtruppen op der fir den iraneschen Ueleg-Export esou wichteger Insel Kharg sollen intervenéieren. Iwwerdeems ginn d’Bombardementer am Kader vum Iran-Krich an de Golfstaate virun: Loftugrëff gouf et an de Vereenegten Arabeschen Emiraten an och a Kuwait.

Ee Mount nom Ufank vum Iran-Krich huet déi pro-iranesch Huthi-Miliz aus dem Jemen ugefaangen, sech am Krich ze bedeelegen: Zwou Rakéiten huet d’Miliz Richtung Israel lancéiert. Béid Attacke konnte vum israeelesche Militär ofgefaange ginn. D’Huthi-Miliz kontrolléiert grouss Deeler vum Jemen an ass een Alliéierte vum Regimm an Teheran.

Back to Top
CIM LOGO