
De Sommet ass op dräi Deeg ugesat. Sujeten sinn, wéineg iwwerraschend, déi aktuell Lag am Noen an am Mëttleren Osten, an och déi allgemeng wirtschaftlech Situatioun. Ma och iwwer d'Entwécklungen an der KI soll diskutéiert ginn. Zu Genève, wat just e puer Kilometer vun Evian ewech läit, koum et e Sonndeg schonn zu Anti-G7-Protester, un deenen e puer dausend Demonstranten deelgeholl hunn. Et gouf mat Fläschen, Steng a Freedefeier op d'Sécherheetsbeamte geschoss. D'Police huet doropshin Tréinegas a Waasserwerfer agesat.
Wéi d'Police mellt, goufen eng Partie Gebaier beschiedegt an en Auto ass verbrannt. Iwwer 7.000 Poliziste waren am Asaz, dat bei ongeféier 20.000 Demonstranten.

De franséische President Macron huet aktuell de Virsëtz vum Staategrupp. Hien empfänkt den US-President Donald Trump um 17 Auer fir e bilateraalt Gespréich. Um 19.30 Auer gëtt et dann en Owesiessen, un deem dann och d'Staats- a Regierungscheffe vun Däitschland, Italien, Groussbritannien, Kanada a Japan deelhuelen.