DäitschlandAm Laf vum Joer 2025 goufe 5,5 Millioune Strofdote registréiert

RTL Lëtzebuerg
Ënnert den Täter ginn et ëmmer méi Mannerjäreger.
© Kevin Schößler

An Däitschland goufen am Laf vum Joer 2025, 5,5 Millioune Strofdoten registréiert. Dat ware 5,6 Prozent manner wéi d’Joer virdrun, geet aus der Statistik ervir, déi e Méindeg de Moie vum Inneminister Dobrindt publizéiert gouf.

Eleng 212.300 Gewaltverbrieche goufe festgehalen. Suerge mécht do virun allem, dass ëmmer méi Mannerjäreger d’Täter sinn.

Och d’Zuele vu Mord an Doudschlag sinn ëm iwwer 6 Prozent geklommen, genee wéi et och e Plus vun iwwer 8 Prozent bei Vergewaltegungen a schwéiere sexuellen Iwwergrëffer gouf.

E Minus vu ganzer 27 Prozent gouf et iwwerdeems bei Delikter mat Drogen. Dat wier an der Haaptsaach duerch d’Deel-Legaliséierung vum Cannabis ze erklären.

Back to Top
CIM LOGO