Ebola-AusbrochAm Kongo ass d'Zuel vun den Affer op 101 Doudeger geklommen

AFP, iwwersat vun RTL
No offiziellen Donnéeë goufe bis elo 550 Infektiounen nogewisen.
© JOSPIN MWISHA/AFP

Vun de Betraffene befanne sech 309 Persounen am Spidol oder an Isolatioun. Nëmmen 19 Patiente weisen aktuell Zeeche vu Besserung.

Den Ausbroch gouf viru knapp engem Mount an der ëstlecher Provënz Ituri festgestallt. Besonnesch problematesch ass, datt et géint déi aktuell Variant vum Virus weder eng Impfung nach eng speziell Therapie gëtt.

Der WHO no missten bei op d'mannst 90 Prozent vun de Kontaktpersounen nogefuerscht ginn, fir d'Verbreedung effektiv anzedämmen. Aktuell läit dës Quote awer nëmme bei ronn 64 Prozent.

D'Aarbecht vun den Autoritéite gëtt zousätzlech duerch arméiert Konflikter an der Regioun, Mësstrauen an Deeler vun der Bevëlkerung an Attacke géint d'Gesondheetspersonal méi schwéier gemaach. Dofir bleift d'Situatioun am Oste vum Kongo weiderhi ganz eescht.

Back to Top
CIM LOGO