
E Sonndeg de Moie sinn am Katar bei engem Accident mat engem Militärhelikopter op d’mannst sechs Persoune gestuerwen, eng weider Persoun gëtt nach vermësst. Dem Verdeedegungsministère no hätt den Helikopter bei engem Routinneasaz eng technesch Stéierung gehat. Weider ass et d’Präzisioun, datt een d’Läiche vu sechs Membere vum Equipage gebuergen hätt. De Rettungsasaz leeft awer nach.
Et géif keen Indice duerfir, datt e méiglecherweis duerch eng iranesch Attack ofgeschoss gi wier. Offiziellen Informatiounen no ass den Helikopter am Persesche Golf iwwert dem katareschen Territoire erofgefall. Ëm wéi eng Maschinn et sech handelt a wéi eng Zort Asaz et genee war, ass net kloer.