
D’Féierung am Myanmar huet all d’Doudesstrofen am Land elo opgehuewen. “D’Strofe vun de Leit, déi zum Doud verurteelt goufen, ginn a liewenslaang Prisongsstrofen ëmgewandelt”, huet et e Freideg an engem Statement vum Ex-Militärchef Min Aung Hlaing geheescht. Dëse war jo Ufank Abrëll zum President vum Land gewielt ginn. Nimm vun de betraffene Verurteelten huet hie keng genannt.
D’Arméi hat sech ënnert der Féierung vum Junta-Chef 2021 un d’Muecht vum Land geputscht an hat domadder d’Regierung vun der Aung San Suu Kyi, déi jo de Friddensnobelpräis krut, gestierzt. Nodeem Joerzéngte laang keng Leit méi am Myanmar higeriicht gi waren, huet d’Junta dës nees opgeholl. Mënscherechtsorganisatiounen no hat d’Junta et haaptsächlech op Dissidenten ofgesinn, déi sech géint de Putsch gestallt haten. Der UNO no goufen am Joer nom Putsch 130 Leit higeriicht.
Datt d’Doudesstrof elo a liewenslaange Prisong ëmgewandelt gëtt, gehéiert zu der ëmfaassender Amnestie, déi wärend der Tingyan-Neijoerschfeier annoncéiert gi war. Enger Erklärung no sollen iwwer 4.300 Prisonéier fräigelooss ginn an all d’Prisongsstrofen, déi ënner 40 Joer leien, sollen ëm ee Sechstel verkierzt ginn.
Am Mäerz 2023 ware schonn d’Doudesurteeler géint 38 Prisonéier opgehuewe ginn.
De Militärputsch hat e Biergerkrich ausgeléist, deen aktuell nach leeft. No fënnef Joer Militärherrschaft hat d’Junta am Dezember a Januar Parlamentswalen organiséiert an dës als Wee zeréck a d’Demokratie duergestallt.