
An den nächste Méint ass lokal mat ganz héijen Temperaturen, Dréchent an Iwwerschwemmungen ze rechnen. D'UNO rechent mat dem stäerksten El Niño zanter dem Ufank vun den Opzeechnunge viru 40 Joer. De Wiederphänomeen géif "wuertwiertlech d'Skala sprengen, déi mir zanter véier Joerzéngte benotzen", sot en Donneschdeg d'Cheffin vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO), Celeste Saulo.
Säin Héichpunkt wäert den aktuellen El Niño de Previsiounen no Enn des Jores erreechen. Den verstäerkte Risk fir Iwwerschwemmungen Dréchenten an extreem Hëtzt wäerten awer nach bis wäit an dat kommend Joer bestoe bleiwen.
El Niño ass en natierlecht Wiederphänomen am Pazifik, dat all zwee bis siwe Joer optrëtt an d'Meteo weltwäit beaflosst. Et ass net duerch de Klimawandel provozéiert, mä kann deem seng Suitten zousätzlech verschäerfen.