
Op de Biller vum Fotograf Brendan Smialowski ass den Trump duerch d'Fënster vun der Presidentemaschinn Air Force One mat engem Plakat ze gesinn, an deem mat roude Buschtawen ze liese steet "Kennedy Center Demolish" (also: Ofrëss vum Kennedy Center).
D'Plakat schéngt d'Zerstéierung vum berüümte Kulturzenter ze weisen an eng giel Baustellemaschinn, déi d'Iwwerreschter fortraumt. D'Fotoen , déi en Donneschdeg publizéiert goufen, si schonn e Mëttwoch op dem Militärfluchhafe vun der Joint Base Andrews südëstlech vun der Haaptstad Washington entstanen. D'Fotoen hu sech online séier verbreet.
De President hat en Dënschdeg ordonéiert, datt de Kennedy Center direkt sollt zougemaach ginn. Hannergrond ass ee juristesche Sträit doriwwer, datt den Trump gär säin eegenen Numm um Gebai stoen hätt. Een US-Bundesriichter hat dat viru kuerzem op een Neits verbueden.
De Kulturzenter war 1971 zu Éiere vum ermorte President John F. Kennedy opgemaach ginn. Den Trump gehéiert der Féierung vum Zenter vir, eng lénks-"woke" Astellung ze hunn an huet sech selwer un d'Spëtzt vum Verwaltungsrot mat ausgesichte Membere gesat.
De Gremium huet leschten Dezember decidéiert, d'Gebai an "Donald J. Trump and John F. Kennedy Memorial Center for the Performing Arts" ëmzebenennen. Dem Trump säin Numm gouf doropshin a Goldbuchstawen iwwert dee vum Kennedy gesat. E Geriicht huet dat allerdéngs fir onrechtméisseg erkläert, well nëmmen de Kongress decidéiere kann, den Numm ze änneren.
Den Trump huet d'Zoumaache vum Zenter domat begrënnt, datt anscheinend noutwenneg Renovéierungsaarbechten a Milliounenhéicht misse gemaach ginn. Et goufe Chantiersclôture ronderëm d'Gebai opgeriicht. Den 80 Joer ale President sot, seng Regierung misst op alle Fall "Unerkennung" fir d'Renovéierung kréien. Soss géif hien den Zenter fir ëmmer zoumaachen. "Am Enn gëtt et ofgerappt", huet hien e Mëttwoch gedreet.
Am Oktober 2025 hat den Trump schonn den Ostfligel vum Wäissen Haus ofrappe gelooss, fir Plaz fir ee Bal-Sall fir bis zu 1.000 Leit ze maachen.