Pakistan dementéiert NoriichtAfghanistan huet pakistanesche Kampfjet-Pilot gefaange geholl

AFP, iwwersat vun RTL
Am Konflikt tëscht dem Pakistan an dem Afghanistan ass e pakistanesche Kampfjet am afghaneschen Dschalalabad erofgefall. De Pilot gouf gefaange geholl.
Im Konflikt zwischen Pakistan und Afghanistan ist ein pakistanisches Kampfflugzeug im afghanischen Dschalalabad abgestürzt und sein Pilot gefangengenommen worden. Die pakistanische Regierung wies die afghanischen Behördenangaben als "völlig unwahr" zurück.
© AFP

“E pakistanesche Kampfjet gouf am sechste Bezierk vun der Stad Dschalalabad ofgeschoss a säi Pilot gouf lieweg gefaange geholl”, sot de Policespriecher Tajeb Hammad e Samschdeg. Den afghaneschen Arméisspriecher Wahidullah Mohammadi huet d’Informatioune confirméiert.

E Journalist vun der Noriichtenagence AFP huet nieft engem Kampffliger zwou Explosiounen zu Dschalalabad aus der Richtung vum Fluchhafen héieren. Awunner hu gesot, si hätte gesinn, datt de Pilot sech mat engem Fallschierm aus dem Fliger gerett hätt, éier hie gefaange geholl gi wier.

De pakistaneschen Ausseministère huet d’Informatioune vun den afghaneschen Autoritéiten dementéiert. “Dat ass eng falsch Behaaptung. Komplett onwouer”, sot de Spriecher Tahir Hussain Andrabi. Pakistan war e Freideg Loftattacken op déi afghanesch Haaptstad Kabul a Kandahar am Süde vum Land geflunn, wou de Chef vun de radikalislameschen Taliban, den Hibatullah Achundsada, lieft.

Pakistan reprochéiert Kabul, arméiert extremistesch Gruppe wéi de pakistaneschen Taliban opzehuelen, déi ëmmer nees fir Attentater a Pakistan responsabel wieren. Kabul weist dat zréck. D’US-Regierung hat erkläert, si géing “d’Recht vu Pakistan op Selbstverdeedegung géint Taliban-Attacken” ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO