Landtagswalen an DäitschlandAfD gewënnt Walen a Mecklenburg-Vorpommern, Linke gëtt stäerkste Kraaft zu Berlin

AFP
No de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt virun e puer Woche war et de Weekend u Mecklenburg-Vorpommern a Berlin.
E Sonndeg gouf a Mecklenburg-Vorpommern (Foto) an zu Berlin gewielt.
E Sonndeg gouf a Mecklenburg-Vorpommern (Foto) an zu Berlin gewielt.
© SOMAYA ABDELRAHMAN/Anadolu via AFP

D'AfD huet d'Landtagswal a Mecklenburg-Vorpommern virun der SPD vun der Ministerpresidentin Manuela Schwesig gewonnen. D'Partei vum Ministerpresidentekandidat Leif-Erik Holm ass e Sonndeg op 38,2 Prozent vun de Stëmme komm, wéi d'Walleedung an der Nuecht op e Méindeg matgedeelt huet. D'Sozialdemokrate kënne 35,5 Prozent fir sech reklaméieren.

Walen zu Berlin an a Mecklenburg-Vorpommern / Rep. Leonie Nestler

An de Landtag komme soss just d'Linke mat 6,5 Prozent an déi Gréng mat 5,7 Prozent. D'CDU huet schro Verloschter missen astiechen an ass mat 4,9 Prozent aus dem Parlament geflunn. Och d'FDP kënnt mat 1 Prozent net an de Landtag. De BSW huet mat 4,8 Prozent knapps de Sprong an de Landtag verpasst.

D'AfD kritt domat am neie Landtag 32 Sëtz, d'SPD kritt 29 Mandater. Jeeweils fënnef Sëtz ginn un déi Lénk an déi Gréng. D'Koalitioun aus SPD a Lénkspartei huet domat keng Majoritéit méi. Eng Dräierkoalitioun mat deene Gréngen dogéint schonn. Koalitioune mat der AfD hunn déi dräi Parteien ausgeschloss.

© GREGOR FISCHER/AFP

D'Manuela Schwesig vun der SPD huet sech um Walowend dozou bereet erkläert, d'Regierung weider unzeféieren. Och d'AfD huet schonn d'Regierungsbildung fir sech beusprocht. Well d'Partei awer keng absolutt Majoritéit krut, wär si awer op ee Koalitiounspartner ugewisen, deen et net gëtt.

Am Verglach zu der Landtagswal 2021 konnt d'AfD hiert Resultat ëm 21,5 Prozentpunkte méi wéi verduebelen. D'SPD huet dogéint 4,1 Punkte verluer. Och déi Lénk hunn ëm 3,4 Punkte verluer. Bei der CDU waren et souguer 8,4 Punkten. Déi Gréng konnten hiert Resultat mat engem Minus vun 0,6 Punkten ongeféier halen. FDP huet dogéint 4,8 Punkte verluer.

D'Walbedeelegung louch bei 78,1 Prozent. Vun de 36 Direktmandater sinn der 22 un d'AfD gaangen a 14 un d'SPD.

Zu Berlin haten déi Lénk d'Nues vir

Déi Lénk huet d'Walen zu Berlin däitlech virun der CDU gewonnen, déi bis ewell um Rudder war. Wéi d'Walleedung an der Nuecht op e Méindeg matgedeelt huet, koum d'Lénkspartei ëm d'Spëtzekandidatin Elif Eralp e Sonndeg op 25,7 Prozent vun de Stëmmen. D'Chrëschtdemokrate vum Spëtzekandidat Stefan Evers koumen op 18,8 Prozent.

Am neie Parlament sinn ausserdeem d'AfD mat 16,3 Prozent, déi Gréng mat 14,3 Prozent an d'SPD mat 12,1 Prozent. D'FDP huet och hei de Sprong an de Landtag mat 2,5 Prozent verpasst, genee wéi d'BSW mat 4,7 Prozent.

© JENS SCHLUETER/AFP

Déi Lénk kommen domat am Parlament op 47 Sëtz, d'CDU kritt 35 Mandater. 29 Sëtz ginn un d'AfD, 26 Mandater un déi Gréng an 22 Sëtz ginn un d'SPD. D'Walbedeelegung louch bei 74,2 Prozent.

D'Koalitioun aus CDU an SPD, déi bis ewell um Rudder war, huet keng Majoritéit méi. Dräierkoalitiounen aus Lénkspartei oder CDU mat deene Gréngen an der SPD dogéint schonn. Koalitioune mat der AfD schléissen och hei d'Parteien aus. D'Elif Eralp vun der Linke huet schonn um Walowend kloer gemaach, datt si wéilt regéieren.

D'Elif Eralp (Linke) sot am "Heute Journal", si wéilt an d'Regierung

Koalitiounsverhandlunge kéinten allerdéngs schwéier ginn, virop mat der SPD. Wärend Lénk a Gréng d'Enteegne vu grousse Promoteure via Referendum ustriewen, sinn d'Sozialdemokraten do dogéint. Iwwerdeems gouf et och Virwërf vun Antisemitismus géint déi Lénk. Wärend d'Eralp ëmmer nees betount huet, déi jüddesch Communautéit zu Berlin fuerderen ze wëllen, hunn Aussoen zum Beispill am Neuköllner Bezirksverband op aneres schléisse gelooss. Dat gouf vu Grüne an SPD schaarf kritiséiert

Am Verglach zu de Walen 2021 konnt déi Lénk hiert d'Resultat zu Berlin ëm 13,4 Prozentpunkte méi wéi verduebelen. D'CDU huet 9,5 Punkte verluer. D'AfD huet dogéint ëm 7,2 Punkten zougeluecht, wärend Gréng an SPD 4,1 respektiv 6,3 Punkte verluer hunn.

CDU-Kanzler Merz hält u sengem Poste fest

Nodeems d'CDU schonn zu Sachsen-Anhalt schlecht dervu koum, an d'Resultater zu virop zu Mecklenburg-Vorpommern an d'Partei net vill besser dostoe loossen, huet den CDU-Kanzler Friedrich Merz direkt schonn e Sonndeg den Owend no den éischte Prognosen an enger Pressekonferenz verlaude gelooss, säi Stull net wëllen ze raumen. Experten haten dem onbeléifte Kanzler a senge Reformpläng mat d'Schold un de schlechte Resultater vu senger Partei ginn. E Sonndeg sot hien allerdéngs decidéiert, d'Reforme misste kommen.

CDU-Kanzler Merz hält u sengem Poste fest

Back to Top
CIM LOGO