Der Police no huet e 14 Joer ale Schüler fir d'éischt seng Grousselteren erschoss, ier hie mat der Waff vu sengem Grousspapp an der Debsirin-Nonthaburi-Schoul ëm sech geschoss huet. Dono huet hie sech selwer d'Liewe geholl.
Am Schoulgebai goufe fënnef Persoune erschoss, dorënner Enseignanten. Weider 30 Mënsche goufe blesséiert, 9 dorënner wiere liewensgeféierlech, sou den thailännesche Premier. All déi Verwonnt sinn a 6 lokal Spideeler bruecht ginn.
Den Autoritéiten no huet de Jugendlechen op d'mannst 26 Schëss ofginn a war nach mat zousätzlecher Munitioun arméiert. Der Police no war den Amoklaf geplangt, de Jong sot engem Schoulkolleeg, e géif ënner Stress vum Léiere leiden.
D'Schéisserei huet Thailand déif schockéiert.
D'Land huet den héchsten Undeel u private Schosswaffen a Südostasien a war an de leschte Jore schonn e puer mol vun déidleche Schéissereie betraff. Déi schlëmmst Attack an der rezenter Geschicht war 2022, wéi e fréiere Polizist 36 Mënschen, dorënner 22 Kanner, ëmbruecht hat.