
Aacht Persoune wiere blesséiert ginn an ee Verdächtegen hätt kuerz Zäit drop kënne festgeholl ginn, huet et vum Büro vum lokale Gouverneur geheescht. De Verdächtegen hat ëm 7:59 Auer zu Turgutlu westlech vun der Stad Izmir ugefaange mat schéissen. Hie gouf direkt no der Dot vu Sécherheetsleit festgeholl, huet et vum Büro vum Gouverneur geheescht. D'Hannergrënn vun der Dot si bis ewell nach net bekannt.
Medieberichter no waren ënnert de Blesséierten eng ganz Rei Schüler. Eng sëllegen Ambulanzen a Policeautoe waren am Asaz. Videoopname vun enger Noriichtenagence DHA weisen Opname vun enger Iwwerwaachungskamera, déi ee jonke Mann oder Jugendleche mat schwaarzer Box a schwaarzer Jackett weisen.
An der Tierkei hat et rezent eng Rei esou Tëschefäll ginn. Am Abrëll hat ee 14 Joer ale Jong un enger Schoul zu Kahramanmaras am Süde vun der Tierkei aacht Matschüler an ee Proff erschoss. Just den Dag virdrun hat ee Jugendlechen u senger fréierer Schoul an der südëstlecher Provënz Sanliurfa 16 Leit duerch Schëss blesséiert, ier hien d'Waff géint sech selwer geriicht huet.
D'Virfäll hunn dozou gefouert, datt den deemolege Bildungs-Staatssekretär entlooss gouf an den President Recep Tayyip Erdogan méi streng Waffegesetzer versprach huet.