
A Frankräich war e Sonndeg den Optakt vun de Gemengewalen. Dobäi geet et ëm wäit méi wéi d’Lokalpolitik: D’Gemengewale ginn als wichtege Stëmmungstest fir d’Presidentiellen d’nächst Joer gesinn, landeswäit ass de rietsextreme Rassemblement National ronderëm d’Marine Le Pen esou staark ewéi nach ni virdrun.
RN-Kandidate louchen an 58 Gemenge vir, wéi den Inneministère no der Auszielung vun engem groussen Deel vun de Stëmmen an der Nuecht op e Méindeg matgedeelt huet. 2020 war dat nëmmen an 11 Gemengen de Fall.
Zu Paräis louch laut Héichrechnungen de sozialistesche Kandidat Emmanuel Grégoire däitlech vir.
D’RN-Fraktiounscheffin Marine Le Pen huet scho vun enger “riseger Victoire” fir hir Partei geschwat. Dem Parteichef Jordan Bardella no hätte vill RN-Kandidate gutt Aussiichten op eng Victoire an der zweeter Ronn.
D’Walbedeelegung louch bei ronn 57 Prozent, also siwe Punkte manner, ewéi 2014. Dat ass en historesch nidderege Wäert, mat Ausnam vun de Walen 2020, déi wärend der Corona-Pandemie ofgehale goufen.
Gutt ee Joer virun der Presidentschaftswal gëllen d’Resultater als richtungsweisend. Si loosse sech awer nëmme begrenzt op déi national Lag iwwerdroen, well vill Kandidate bei de Gemengewalen untrieden, ouni sech kloer zu enger bestëmmter Partei ze bekennen.
Zousätzlech huet Frankräich ronn 35.000 meeschtens kleng a ländlech Gemengen, an deene Buergermeeschteren éischter fir hiert lokaalt Gestiounstalent, ewéi fir eng politesch Linn gewielt ginn.
De Rassemblement National, dee jo laang vun der Marine LePen geleet ginn ass, rechent sech fir d’nächst Joer gutt Chancen aus. Den aktuelle franséische President Macron däerf keng drëtte Kéier kandidéieren.

Zu den RN-Buergermeeschteren, déi e Sonndeg am Amt confirméiert goufen, gehéiert de Louis Aliot an der südfranséischer Stad Perpignan. Hien huet laut virleefegem Resultat schonn an der éischter Ronn d’absolut Majoritéit erreecht.
D’Hafestad am Süde vum Land ass bis elo déi gréisst Stad mat engem RN-Buergermeeschter. Den Aliot ass awer zesumme mat der RN-Fraktiounscheffin Marine Le Pen an engem Verontreiungsprozess ugeklot a kéint am Fall vun enger Verurteelung säin Amt nees verléieren.
Am Amt confirméiert sinn den Zuele vum Inneministère no och d’RN-Buergermeeschtere vun Hénin-Beaumont a Fréjus.
An der südfranséischer Hafestad Toulon louch laut Héichrechnungen d’RN-Deputéiert Laure Lavalette mat ronn 39 Prozent vun de Stëmme vir. Si hat domat ongeféier néng Punkte méi, ewéi déi onofhängeg Buergermeeschtesch Josée Massi.
Wa sech dat Resultat an der zweeter Ronn confirméiert, kéint dat e wichtege Succès fir den RN ginn. D’Partei hat zu Toulon scho vun 1995 bis 2001 de Buergermeeschter gestallt. D’Lavalette huet am Walkampf allerdéngs op de Logo vun der Partei verzicht.
An der südfranséischer Stad Marseille louchen de sozialistesche Buergermeeschter Benoît Payan an den RN-Kandidat Franck Allisio laut Héichrechnunge gläich op. Eng Victoire an der zweetgréisster Stad a Frankräich hätt fir d’Partei eng staark symbolesch Bedeitung.
Zu Nîmes louchen d’Kandidate vum RN an déi vun de Kommuniste gläich op. Zu Nice läit den Éric Ciotti, dee mam RN alliéiert ass, däitlech vir.
Zu Paräis koum de Sozialist Grégoire laut Héichrechnungen op ronn 36 Prozent vun de Stëmmen an domat kloer virun der konservativer Kandidatin, der fréierer Kulturministesch Rachida Dati, déi op 25 Prozent koum. De Pierre-Yves Bournazel an d’Sophia Chikirou hu sech an der Haaptstad och fir déi zweet Ronn qualifizéiert.
Déi sozialistesch Buergermeeschtesch Anne Hidalgo, déi Paräis staark zur Vëlosstad entwéckelt huet, wollt no 12 Joer am Amt net nach eng Kéier untrieden. De Grégoire wëll hir Politik weiderféieren an zousätzlech Paräis als Kulturstad méi an de Mëttelpunkt stellen. Hie gëtt och vun de Gréngen ënnerstëtzt.
Déi 60 Joer al Dati ass an e puer Justiz-Affäre verwéckelt a muss sech am September an engem Korruptiounsprozess viru Geriicht veräntwerten.
An der zweeter Wal-Ronn nächste Sonndeg wäert et dorop ukommen, wie mat wiem eng Allianz ageet oder sech aus taktesche Grënn zeréckzitt.
Resultater an der Grenzregioun hei bei eise Kolleege vun RTL Infos: