
A Bulgarien hunn e Sonndeg de Moie virgezunne Parlamentswalen ugefaangen – déi aacht Walen an nëmmen fënnef Joer. Klore Favorit an de Sondagen ass eng nei Koalitioun, déi sech “Progressiivt Bulgarien” nennt.
D’Partei gëtt geleet vum fréiere President Rumen Radew, deen der Korruptioun am äermste Land vun der EU de Kampf ugesot huet an an de Sondagen op iwwer 30% vun de Stëmme kënnt. De fréiere Kampfjetpilot war am Januar vum Presidenteposten zeréckgetrueden, fir bei dëser Wal untrieden ze kënnen.
Hie setzt sech fir en Dialog mat Moskau an an huet annoncéiert, sech net wëlle finanziell u Militärhëllefen fir d’Ukrain ze bedeelegen. Blockéieren wéilt een déi Decisiounen awer net, sou wéi et Ungarn ënnert dem Viktor Orban gemaach huet.
D’Haaptgéigelager ass eng Allianz ëm de fréiere bulgaresche Premier Bojko Borissow, deen 2021 duerch Protester géint Korruptioun aus dem Amt verdriwwe gouf.
Bis e Sonndeg den Owend 20 Auer kënnen d’Bierger a Biergerinnen am EU- an Natoland hir Stëmm ofginn.