
De brittesche Produzent vun Tubaksprodukter British American Tobacco huet ugekënnegt, 5.500 Aarbechtsplaze weltwäit ofzebauen. 3.500 Aarbechtsplaze géingen iwwerdeems un extern Firmen transferéiert ginn.
9.000 Plaze sinn also vun der Ëmstrukturéierung betraff. D'Firma wëll op den Zuch vun der Kënschtlecher Intelligenz klammen a Käschte reduzéieren.
British American Tobacco war ënnert de Firmen, déi virun 12 Joer an de Luxleaks waren a sou, dank steierlechen Accorde mat der Steierverwaltung – sougenannt Rulings – hei am Land quasi keng Steiere bezuelt hunn. Dem Handelsregëster no sinn nach British American Tobacco Brands Switzerland Limited an eng Succursale vun hirer Belscher S.A. hei ugemellt.