Stuerm "Nils"Knapp 900.000 Stéit a Frankräich waren ouni Stroum

AFP, iwwersat vun RTL
An der Nuecht op en Donneschdeg respektiv nach de Moien ass den "Nils" op Deeler a Südfrankräich getraff
Schonn e Mëttwoch am Laf vum Dag waren déi éischt Ausleefer vum Stuerm "Nils" op Frankräich getraff.
Schonn e Mëttwoch am Laf vum Dag waren déi éischt Ausleefer vum Stuerm “Nils” op Frankräich getraff.
© JUSTINE BONNERY/Hans Lucas via AFP

Knapp 900.000 Stéit waren en Donneschdeg de Moien nach vum Elektreschen ofgeschnidden, nodeem de Stuerm “Nils” op de Süde vu Frankräich getraff ass. D’Autoritéiten haten eng “Vigilance rouge” erausgi wéinst villem Reen a staarkem Wand. Betraff waren ënner anerem d’Savoie an d’Aude.

Déi Regioun, déi am schlëmmste getraff gouf, war d’Nouvelle-Aquitaine, wou eng 485.000 Stéit ouni Stroum waren, esou wéi och d’Occitanie, wou 318.000 Stéit am Donkele souzen. Dat war d’Situatioun vun en Donneschdeg de Moien um 6 Auer. De Bedreiwer vum Stroumreseau Enedis hat schonn e Mëttwochowend am Ganzen eng 1.400 Techniker mobiliséiert, fir esou séier ewéi méiglech op Schied, déi vum Wieder verursaacht goufen ze mobiliséieren. Wéi den Hervé Champenois, dee bei Enedis fir de Krisemanagement zoustänneg ass, en Donneschdeg erkläert huet wier dës Zuel am Laf vum Dag op 3.000 erhéicht ginn.

Bis ewell ass duerch de Stuerm och op d’mannst eng Persoun ëm d’Liewe komm. Bei engem Accident, bei deem Äscht vun engem Bam op d’Strooss gefall waren, war e Camionschauffer gestuerwen. An de Landes, wou den déidlechen Accident war, goufe Wandspëtzte vu bis zu 160 Kilometer an der Stonn gemooss.

Stuerm "Nils"
Knapp 900.000 Stéit a Frankräich waren ouni Stroum

Back to Top
CIM LOGO