Erlangen (D)7 Joer aalt Kand stierft, nodeem Futtballsgol op et gefall ass

RTL mat AFP
Zu engem trageschen Accident koum et e Samschdeg am däitschen Erlangen.
© Val Wagner (Archiv)

Zu Erlangen an Däitschland ass e Samschdeg e Jong vu 7 Joer gestuerwen, nodeems op engem Fussballsterrain virum Match e Gol op hie gefall war. De Jong ass nach mat liewensgeféierlecher Blessuren an d’Klinik komm, wou hien um Enn verscheet ass. D’Police huet eng Enquête opgemaach, fir déi genee Ëmstänn vum trageschen Tëschefall z’iwwerpréiwen. Op der Plaz ware méi Ekippe vum “Kriseninterventiounsteam”, déi d’Leit, déi um Futtballsterrain dobäi waren, ze betreien.

Fir e Sonndeg goufen alleguerten déi geplangten Jugendspiller an der concernéierter Liga ofgesot.

Back to Top
CIM LOGO