Iwwert de Weekend6 Doudeger duerch Lawinen an de franséischen Alpen
Si waren ausserhalb vun den offizielle Schipisten ënnerwee, wéi se vu Lawine matgerappt goufen.
Am Laf vum Weekend sinn an de franséischen Alpen sechs Leit ëm d’Liewe komm, nodeems si ausserhalb vun de Piste vun Lawinen erfaasst goufen.
- Zu Val-d’Isère goufen zwee Männer ënner de Schnéimasse begruewen an nëmmen nach dout gebuergen.
- Zu La Plagne ass e brittesche Mann vun enger Lawine matgerappt ginn. Méi wéi 50 Leit vun de Rettungsservicer hunn no him gesicht, mee hien ass gestuerwen. Och zu Courchevel konnt ee Schifuerer net méi gerett ginn.
- Zu Vallorcine ass e 32 Joer ale Mann vun enger Lawine géint e Bam geschleidert ginn an ass dobäi ëm d’Liewe komm.
- Zu Arêches-Beaufort gouf eng Persoun schwéier blesséiert, eng aner ass gestuerwen.
D’Lawinegefor bleift weiderhin héich an et ass nach emol de Rappell, net ausserhalb vun de Pisten ze fueren.