D'Autoritéiten haten an der Nuecht op e Sonndeg éischt Evakuéierungen ugeuerdent, wéi d'Flamen duerch staarke Wand ëmmer méi no bei Haiser am Duerf Milna koumen. Antëscht soll d'Feier ronn 3.500 Hektar Bësch verbrannt hunn. Op d'mannst zwee Leit goufe blesséiert, dovun eng schwéier.
Bei den Evakuéierungen hunn och e puer Schëffer gehollef. D'Schëffer vun der Hafenautoritéit, vun der Waasserpolice a vu Privatleit hunn Awunner an Touristen aus de Gebidder bruecht, déi vun de Flame menacéiert sinn.
Méi wéi 220 Pompjeeë sinn am Asaz. E Sonndeg koumen och véier Läschfligeren dobäi.
Brac gehéiert zu de gréissten Inselen un der Adria a läit virun der Stad Split. D'Insel ass wéinst hire Plagen eng beléift Vakanzendestinatioun.
Och Kroatien hat, wéi vill Länner an Europa, mat Hëtzt an Dréchent ze kämpfen dëse Summer. De vum Mënsch verursaachte Klimawandel suergt Wëssenschaftler no zu méi laangen Hëtzt- an Dréchentperioden. Duerch dës klëmmt de Risk vu Vegetatiouns- a Bëschbränn.