Schwaarzen Damp op der A313 Camionen a Brand bei Metz-Woippy
Géint 19 Auer konnt een iwwer der Industriezon am Norde vu Metz schwaarzen Damp gesinn vum Feier op engem Parking net wäit vun der Autobunn.
Ee Chauffer soll sech Iesse waarm gemaach hunn an du wier eppes schif gaangen, sou heescht et a franséische Medien. D’Camionen hätten der Rei no Feier gefaangen, bal och ee véierten.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D’Pompjeeën hunn eng Stonn gebraucht, fir de Brand ënner Kontroll ze kréien.
Hei geet et bei den Artikel op RTLInfos