
Am Mëttelmier si bei enger Iwwerfaart mat engem Flüchtlingsboot vu Libyen a Griicheland 22 Leit ëm d’Liewe komm. 26 Migranten hunn um Boot iwwerlieft. Dës goufen e Freideg den Owend vun engem Schëff vun der EU-Grenzschutzagence Frontex virun der Insel Kreta gerett.
D’Boot hätt wärend dem Trajet d’Orientéierung verluer an d’Passagéier wiere 6 Deeg ouni Iessen an Drénken um Mier gewiescht. Déi griichesch Autoritéiten hunn iwwerdeems déi presuméiert Schleiser, 2 Männer aus dem Süd-Sudan, festgeholl.