Ukrain-Krich24 Doudesaffer no heftege russeschen Attacken um Donneschdeg

Joel Detaille
D'EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen schwätzt vu feigen Attacken.
© ROMAN PILIPEY/AFP

Am Ukrainkich gouf et en Donneschdeg jo eng massiv Attack vu russesche Kampf-Dronen op Kiew. Knapp 680 Stéck wiere gezielt ginn, zesumme mat op d'mannst 50 Rakéiten.

Den ukrainesche President Selenskyi huet mëttlerweil 24 Doudesaffer confirméiert, dorënner och Kanner. 17 Persoune ginn nach an den Iwwerreschter vun engem Haus vermësst.
Fir Kiew war et an de véier Joer, wou de Krich schonn dauert, eng vun den uergsten Attacken op déi ukrainesch Haaptstad.

D'EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen schwätzt vu feigen Attacken, déi weise géifen, dass Moskau mat de Beméiungen, fir de Krich op en Enn ze bréngen, géif de Geck maachen.

De franséische President Macron seet, et géif weisen, dass Moskau d'Optiounen un der Front géifen ausgoen, fir de Krich militäresch ze gewannen.

Den ukrainesche President Selenskyj fuerdert weider Sanktioune géint Russland.

Back to Top
CIM LOGO