
Déi italieenesch Police huet iwwer 2,6 Tonne Kokain op engem Boot am Atlantik duerch déi portugisesch Police bekannt ginn. De Wäert soll den Autoritéiten no bei ronn 500 Milliounen Euro leien. Zwee Spuenier, en Albaner an e Mann aus Gibraltar goufe festgeholl.
D'Boot wier virun der Küst zu Lissabon vun der portugisescher Police ofgefaange ginn, esou déi italieenesch Finanzpolice, déi d'Ermëttlunge leet. Wéi et heescht, gouf d'Boot schonn en Donneschdeg ofgefaangen.