
Wéi de Veräin, deen den Ament op der zweeter Plaz vum dänesche Championnat steet, en Dënschdeg an engem Schreiwes op sengem Internetsite erkläert, wier de Spiller de Weekend bei enger Attack zu Herning schwéier blesséiert ginn.
Den Djabi huet tëschenduerch a Liewensgefor geschwieft an huet missen zwee Mol operéiert ginn. Antëscht gouf hie vun den Dokteren aus dem kënschtleche Koma erwächt. Säin Zoustand wier den Ëmstänn entspriechend stabil.
Wéi et weider vum Veräin heescht, wier een am enken Dialog mat den Autoritéiten an et géif een den Alamara Djabi a seng Famill ënnerstëtzen. Well den Ament eng Enquête leeft, géing ee sech net weider zu der Saach äusseren.