Tréier (D)16 Joer aalt Meedchen am Zuch sexuell belästegt

RTL Lëtzebuerg
Schonn den 20. Juli 2026 war et zum Virfall komm.
© JAN WOITAS/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi d'Bundespolizei vun Tréier e Sonndeg matgedeelt huet, soll ee 16 Joer aalt Meedchen den 20. Juli géint 10:20 Auer an enger Regionalbunn bei der Afaart an d'Gare zu Tréier Affer vun enger sexueller Belästegung gi sinn. E 64 Joer ale Mann steet ënner Verdacht, dat jonkt Meedche géint säi Wëlle festgehalen an ugepaakt ze hunn.

Den Informatioune vun der Bundespolizei no soll de Mann d'Hand vum Meedche géint säi Wëlle festgehalen an hatt an den Aarm geholl hunn. Donieft soll hien him d'Broscht an d'Hoer ugepaakt hunn.

Wéi Zéien op de Virfall opmierksam gi sinn, hu si dem Meedche gehollef. De presuméierten Täter, deen an der Äifel wunnt, ass doropshi Richtung Busgare fortgaangen. Hei gouf hie vun der Bundespolizei festgeholl. Hie konnt d'Kommissariat méi spéit nees verloossen. Géint hie gëtt elo wéinst sexueller Belästegung enquêtéiert.

Back to Top
CIM LOGO