
Wéi d'Police vun der Zon Arel-Atert-Habay-Maartel zesumme mam Parquet du Luxembourg matdeelen, goufen e Méindeg zu Arel eng Partie Leit festgeholl.
Dës hätte sech e Méindeg de Moie vun 8 Auer un zu Arel versammelt gehat a wiere mat Cagoullen oder soss Gesiichtsverdeckung duerch verschidde Stroosse gelaf. Dobäi hu si verschidde Saache wéi Poubellen oder Bänken a Brand gesat. Donieft hu si mat Knupperten op Passanten, Studenten, Butteker a Privathaiser geschoss a pyrotechnesch Géigestänn agesat, besonnesch an der Géigend vum Institut Technique Etienne Lenoir. Déi kleng Bränn hätte vu Polizisten a Pompjeeë kënne geläscht ginn, gëtt am Schreiwes betount.
De Beamte wier et gelongen, Verdächteger z'identifizéieren, Ermëttlungen ze lancéieren a Saisien ze maachen, iwwer déi de Parquet du Luxembourg informéiert gi wier. D'Ermëttlunge géinge Brandstëftung, Rebellioun a Vandalismus betreffen, deenen de Parquet prioritär géing nogoen.
Am Laf vum Méindeg de Mëtteg goufe 15 Leit festgeholl, dovun 10 Mannerjäreger. D'Leit, déi festgeholl goufen, komme vu verschiddene Plazen aus der Provënz Lëtzebuerg a wieren net onbedéngt zu Arel an der Schoul.
Weider Detailer wéilt een net nennen, sou d'Autoritéiten.