Op d'mannst zwee Doudesaffer an ee VermësstenUergt Héichwaasser am Grand Canyon an den USA

AFP
Dem National Park Service no kéint et bis Méindeg ëmmer nees zu schroe Wiederen a Staarkree kommen, wat méiglecherweis weider Iwwerschwemmungen an Erosioun laanscht Wanderweeër ausléise kéint.
Ufanks goufe 15 Leit no Héichwaasser am Grand Canyon vermësst
D'Iwwerschwemmung hätt "schwéier Auswierkungen op d'Infrastruktur am ganze Bright Angel Canyon", huet den Nationalpark matgedeelt.

No enger Iwwerschwemmung am Grand Canyon am Weste vun den USA ass en zweet Doudesaffer confirméiert an eng Persoun nach ëmmer vermësst. Ufanks goufen nach 15 Persoune vermësst, ma déi goufe, Stand Dënschdeg, praktesch alleguerte fonnt. Wéi den Nationalpark matgedeelt huet, ass et e Samschdeg zu der stënterlecher Iwwerschwemmung am Bright Angel Canyon komm, dat um Terrain vun der Phantom Ranch. Zesumme mat den Autoritéite vum US-Bundesstaat Arizona géif probéiert ginn, d'Mënschen a Sécherheet ze bréngen an all déi Betraffen ze erfaassen.

Den National Park Service (NPS) hat relativ séier op senger Homepage ëm Informatiounen zu 15 Leit gebieden, vun deenen et zanter der Iwwerschwemmung kee Liewenszeeche méi gouf. Déi meescht dovunner si mëttlerweil nees opgedaucht. Zu der Iwwerschwemmung koum et e Samschdeg ëm 14:30 Auer Lokalzäit an dem Park, deen all Joers vun e puer Millioune Leit besicht gëtt. Bis e Sonndeg de Moie goufen deemno 62 Leit a Sécherheet bruecht.

A Videoopname vu Wanderer ass ee Floss aus Bulli ze gesinn, deen un engem Wanderwee laanschtschéisst. Beem an aner Iwwerreschter sinn am Waasser ze gesinn.

D'Iwwerschwemmung hätt "schwéier Auswierkungen op d'Infrastruktur am ganze Bright Angel Canyon", huet den Nationalpark matgedeelt. Bal all Foussgängerbrécken iwwert de Bright Angel Creek wieren zerstéiert ginn, esou datt Wanderer net méi iwwert de Floss koumen.

D'Iwwerschwemmungen hätten och eng wichteg Waasserleitung beschiedegt, wat Probleemer mat der Waasserversuergung mat sech bruecht huet, huet de Park matgedeelt. Eng Rei Plazen, wou ee fir d'Nuecht ënnerkomme kann, goufen iwwerdeems zougemaach.

Back to Top
CIM LOGO