
D’Ukrain mellt 15 Doudeger bei enger russescher Dronenattack an der Stad Pawlohrad. Siwe Persoun wiere blesséiert ginn. Eng russesch Kampfdron soll ukrainesche Medien no ee Bus getraff hunn, an deem Grouwenaarbechter souzen. Si wieren no hirer Schicht um Wee fir Heem gewiescht.
D’Friddensgespréicher, déi eigentlech dëse Sonndeg sollten zu Abu Dhabi weidergefouert ginn, sinn iwwerdeems ëm e puer Deeg no hanne geréckelt ginn, op viraussiichtlech e Mëttwoch oder Donneschdeg, sou den ukrainesche President Selenskyj um Sonndeg.