
D'Feier wier um 06:45 Auer um drëtte Stack vum "PIMS Hospital" an der Maternité ausgebrach, heescht et vun offizieller Säit. Wéi et schéngt, soll et an enger Klimaanlag zu engem Kuerze komm sinn, dat hätt eng Explosioun ausgeléist. Um komplette Stack hätt sech immens séier gëftegen Damp ausgebreet. Déi alarméiert Pompjeeë konnten de Brand relativ séier läschen an hunn d'technesch Anlagen dono gekillt, fir weider Explosiounen ze verhënneren.
De Premierminister Muhammad Shehbaz Sharif huet de Famillje vun den Affer säin déift Matgefill ausgeschwat. Hien huet annoncéiert, dass de Virfall ënnersicht gëtt an déi Responsabel zur Rechenschaft gezu ginn.
Am Pakistan kënnt et ëmmer nees zu Bränn a gréissere Gebaier, dat wéinst schwaache Sécherheetsstandarden an engem Manktem u konsequente Gesetzer. Bei engem Feier an engem Akafszenter an der Stad Karachi waren am Januar 65 Leit gestuerwen.