
Zwee Deeg nodeems en 13 Joer ale Jong a Frankräich erschoss ginn ass, gouf e 15 Joer ale Jong festgeholl. De Parquet ermëttelt wéinst Doutschlag an huet fir de Jugendlechen Untersuchungshaft ugefrot.
D’Dot huet sech an engem klengen Akafszentrum zu Villefranche-sur-Saône, an der Géigend vu Lyon, ofgespillt.
D’Ëmstänn géifen drop hindeiten, datt d’Affer aus kuerzer Distanz getraff gouf, esou de Parquet zu Lyon e Mëttwoch. Detailer zu engem méigleche Motiv goufen net genannt.
Verschidden Awunner a Bekannte vum Affer hunn ugeholl, datt de Schoss ongewollt lassgaangen ass, wéi déi Jugendlech mat der Waff hantéiert hunn. Ufanks waren am Ganze véier Jugendlecher tëscht 12 a 16 Joer, souwéi e 44 Joer ale Mann festgeholl ginn. Dee stoung ënner Verdacht, de Besëtzer vun der Schosswaff ze sinn.
Mat Ausnam vum presuméierten Täter goufen déi aner nees fräigelooss.