Am Stellantis‑Wierk zu Poissy a Frankräich gouf um Donneschdeg gestreikt. D'Gewerkschaften CGT, Sud an Unsa protestéiere géint d'Decisioun vum Autoskonzern, d'Autosproduktioun op deem Site no 2028 anzestellen. Vun 2029 u sollen do keng Autoe méi gebaut ginn, mee just nach Komponente fir Gefierer.
De Site zu Poissy huet aktuell ronn 2.000 Salariéen. Stellantis seet, et géif keng Entloossunge ginn an et sollen op Dauer nach 1.000 Aarbechtsplaze erhale bleiwen. D'CGT bezweifelt dat awer staark a geet dovun aus, datt ronn 900 Aarbechter hir Plaz verléieren.
De Gewerkschaftsspriecher Jonathan Dos Santos huet ugekënnegt, datt een elo Drock op d'Direktioun ausübe géif, an datt weider Aktiounen an de kommende Wochen net ausgeschloss sinn.
Aktuell ginn am Wierk zu Poissy den DS 3 Crossback an den Opel Mokka gebaut.