Wéi d'CFL mat Stol-Netzer géint Steeschlag virginn
Et ass e Chantier, dee villäicht e bëssi méi spektakulär ass wéi anerer. Wou normalerweis Bagger oder Kranen ze gesi sinn, war et e Méindeg en Helikopter. Dësen ass matzen an der Natur an den Asaz komm, eng 2 Kilometer vun der Gare Giewelsmillen zu Buerschent ewech. De Grond dofir ass deen dach zimmlech onzougänglechen Terrain, wou huet musse geschafft ginn.
D'Zil vum Chantier ass präventiv d'Gleise géint Steeschlag an Äerdrutsch ofzesécheren. Dat op engem Tracé vun 300 Meter, wou d'Schinne wéi duerch eng kleng Schlucht verlafen, wou et op där enger Säit eng 5, op där aner eng 8 Meter erop geet.
Schonn ier den Helikopter vun engem Chantier vu Paräis agetraff ass, sinn awer déi viregt Woche Preparatiounsaarbechte gemaach ginn. "Mir hu ronn 200 Buerunge gemaach an och 200 Verankerunge gesat", seet den Tim Wildanger, Surveillant fir d'Ëmwelt bei den CFL. Hie weist op metalle Staangen, déi eng 30 Zentimeter aus dem Fiels reechen. Dës wier eng zwee Meter an d'Mauer gesat ginn. Hei soll de Filet aus Stol méi spéit dra verankert ginn.
De Filet dofir war e Méindeg och scho prett. E louch net wäit vun der Zuchstreck ewech op enger Wiss. Bal 40 Rouleaue Maschendrot, jidderee fir sech op d'mannst 150 Kilo schwéier. Wou den Helikopter da bis matzen an der Natur ukomm war, goung alles ganz séier. "Mer musse präzis schaffen an op d'Leit um Buedem oppassen", huet den Xavier Decroux, deen am Helikopter mat geflunn ass, betount. Kuerz drop ass en och schonn an der Maschinn verschwonnen.
Un engem laange Seel gouf deen éischte Rouleau um Helikopter befestegt an een nom anere goufe se dunn esou iwwert déi kleng Bëschstäif geflunn, déi d'Wiss vun der Zuchstreck trennt. Direkt no de Beem gouf d'Netz aus Drot dann erofgelooss. Hei huet schonn eng Ekipp vun enger externer Firma gewaart, fir den Drot entgéintzehuelen an en um Buedem ze fixéieren. De Rouleau huet sech quasi vum selwen d'Fielswand Richtung Schinnen ausgerullt. "D'Netzer ginn elo geluecht, duerno schaffe mir um Seel a befestegen alles mat Kabelen a Klameren", erkläert de Chantierschef Grégoire Collignon.
Schonn no enger Stonn war d'Aarbecht vum Helikopter ofgeschloss. Déi vun de Männer op der Plaz geet awer nach e puer Deeg weider. Bis de Weekend soll de ganze Chantier fäerdeg sinn, soudass vun e Méinden un den Zuchtrafic op der Streck nees soll normal lafen.