
Vum 31. Juli um 22 Auer un ass et net méi méiglech op der Jonctioun Lankelz lénks ofzebéien, wann een op der A4 aus Richtung Audun-le-Tiche (Däitsch-Oth) kënnt a wëllt op d'A13 a Richtung Péiteng fueren.
Dës Ännerung gëtt aus Sécherheetsgrënn agefouert. De "Lénksofbéier" huet an der Vergaangenheet ëmmer nees fir geféierlech Situatiounen a Verkéiersaccidenter gesuergt.
Fir op d’A13 a Richtung Péiteng ze kommen, mussen d’Automobilisten an Zukunft d’Sortie 7 "Raemerich" op der B40 huelen, iwwer d’N37 bis bei den Échangeur Éilereng (Sortie 4) fueren a vun do aus op d’A13 a Richtung Péiteng opfueren.
Eng permanent Deviatioun gëtt ausgeschëldert.