Maintenance- a BotzaarbechtenVun en Dënschdeg u ginn d'Tunnellen nees gebotzt an an d'Rei gesat

RTL Lëtzebuerg
Bis Ufank November gëtt haaptsächlech nuets an den Tunnellen uechter d'Land geschafft, wouduerch et zu enger Rei Deviatioune komme wäert.
© RTL Archiv

Wéi Ponts et Chaussées matdeelen, ass den 1. September 2026 den Optakt vun der zweeter Maintenance- a Botzcampagne vun den Autobunnstunnellen fir dëst Joer. Ugefaange gëtt mat den Tunnellen zu Colmar-Bierg an zu Schieren.

Et ginn hei preventiv Maintenance-Aarbechten um Sécherheetsequipement duerchgefouert, respektiv futtis Elementer ersat. D'Equipementer gi gepréift an d'Tunnelle gebotzt.

Fir esou wéineg wéi méiglech Impakt op den Trafic ze hunn, ginn d'Aarbechten och dës Kéier nees gréisstendeels nuets duerchgefouert.

Dës Tunnellen a Wëldbrécke si betraff

Tunnelle Grouft, Rëngelbour, Stafelter, Gousselerbierg, Miersch, Rouscht, Colmar-Bierg, Schieren, Houwald, Cents, Richard Serra, Kierchberg, Saint-Esprit, Pénétrante-Sud, Märel, Péiteng-Kierch, Biff, Accès secondaire Esch-Belval, Micheville, Aessen, Éilereng, Féiz, Fréiseng, Munneref a Markusbireg.

Wéini gëtt wou geschafft?

© Ponts et Chaussées

D'Lëscht vu Ponts et Chaussées mat den Equipementer, déi vun der Maintenance betraff sinn

  • Ventilation,
  • Détection incendie,
  • Sondes CO / opacité,
  • Extincteur mousse,
  • Niches SOS,
  • Anémomètres,
  • Éclairage tunnel, de balisage, de guidage, des galeries, de secours
  • Sonorisation,
  • Retransmission radio,
  • Bornes d’appel d’urgence,
  • Vidéo surveillance,
  • Détection automatique d’incident ou de fumée,
  • Comptage,
  • Informatique, téléphone, réseaux,
  • Signalisations dynamique, verticale et horizontale,
  • Bouches d’incendie,
  • Chaussée,
  • Génie civil,
  • Transformateurs et groupes électrogènes,
  • Groupes hydrophores,
  • Pompes,
  • Surpresseur des galeries,
  • Bassins de rétention, déshuileurs, débourbeurs.
Back to Top
CIM LOGO