TramVirun 2 Joer schonn, huet den Tram an der Stad ugefaange mat fueren
Gutt 30.000 Passagéier den Dag, a bis ewell scho méi wéi 1 Millioun u gefuerene Kilometer, sou en éischte Mini-Bilan no 730 Deeg.
Verëffentlecht: 10.12.19 06:19, Update: 10.12.19 06:24
Duerch de Chantier vum Tram, virun allem an der Neier Avenue, gëtt et jo Problemer fir verschidde Geschäftsleit. Bis ewell wieren 9 Demanden bei Luxtram erakomm, fir e finanziellen Ausgläich ze kréien, sot de Generaldirekter André Von der Marck dem Tageblatt géintiwwer. A 4 Fäll soll ganz geschwënn eng Decisioun getraff ginn.
RTL-Express Spezial Tram vum 10. Dezember 2017
Dat Wichtegst vun de leschte Stonne kuerz zesummegefaasst.