Déi nei Linn féiert vun der Rouder Bréck bis bei d'Europaschoul a si soll fir d'Rentrée 2027 opgoen. Fir dëst ze assuréieren, hunn d'Aarbechte wärend der Woch vum 17. Februar 2025 ugefaangen. Dobäi wäerten 92 Beem ëmgehaen, 49 transplantéiert an 150 nei geplanzt ginn*.
Dono ginn d'Installatioune vun de Chantieren opgeriicht, d'Strooss gëtt provisoresch sanéiert a verschidde Geräter ginn ewechgeholl.
Wärend dësen Aarbechte wäerten och verschidde ënnerierdesch Reseauen, also Gas, Elektresch a Waasser, musse verluecht ginn.