
Grond dofir wier ënnert anerem, datt den Tourismus-Secteur sech massiv verännert an och just nach 3 Prozent vun den Ticketen am Kader vun enger Rees vun CFL Evasion verkaaft géife ginn. D’Reesen, déi iwwer CFL Evasion gebucht goufen, gi vum Travel Group Luxembourg, dat heescht de Reseaue “We Love To Travel” an Emile Weber assuréiert. Fënnef Salariéeë vun CFL Evasion verléieren hiren Job duerch dës Fermeture, kréien awer eng aner Positioun beim CFL-Grupp proposéiert.