Op der enger Säit gëtt d’Tanken ëmmer méi deier: D’Präisser fir Bensinn an Diesel sinn déi lescht Wochen däitlech geklommen an hunn zum Deel Rekord-Präisser erreecht. Am Kontrast dozou steet d’Elektromobilitéit.
Zanter Ufank Abrëll hunn eng Rei Operateuren zu Lëtzebuerg hir Präisser fir d’Lueden op den ëffentleche Bornen däitlech erofgesat.
“Nous avons annoncé une baisse significative de nos tarifs, d’environ 17%, sur toutes nos bornes AC et DC. L’objectif est de rendre la recharge publique plus accessible et plus attractive pour tous les utilisateurs,“ erkläert d’Marie-Anne Georgel, Gérante vu Charge@lux - responsabel fir d’Chargy-Statiounen zu Lëtzebuerg.
Dës Reduktioun hänkt ënner anerem mat méi niddrege Fraise fir d’Gestioun vum Stroumnetz zesummen. Eng Entwécklung, déi och Privatstéit zanter dem Ufank vum Joer op hirer Stroumrechnung spieren.
Mä ass et elo wierklech méi bëlleg, en Elektroauto ze lueden, ewéi en Diesel oder Bensinn-Auto ze tanken?
D’Äntwert ass net esou einfach, esou d’Charge@lux-Gérante. “La comparaison est très difficile. Les tarifs du carburant ont beaucoup augmenté, mais pour l’électrique, cela dépend beaucoup de l’infrastructure, des opérateurs et du badge utilisé.”
Trotzdeem léisst sech eng Tendenz feststellen: E mëttelgroussen Diesel-Auto mat engem Verbrauch vu ronn 6 Liter op 100 Kilometer an engem Tank vu 50 Liter kascht aktuell ëm déi 109 Euro pro vollen Tank.

Fir en Elektroauto vun änlecher Gréisst leien d’Käschten fir eng voll Charge op enger séierer Borne am Duerchschnëtt bei ronn 36 Euro, och wann dës Zuel jee no Bedéngungen variéiere kann.
Dës Entwécklung bleift net ouni Konsequenzen um Autosmarché. Déi héich Spritpräisser féieren dozou, datt ëmmer méi Leit sech Gedanke maachen, ob Alternativen net méi rentabel sinn.
“Ech mengen d’Leit rechnen. Wann ech 2,18 Euro fir de Liter Diesel muss bezuelen, da maachen d’Leit sech Gedanke, ob alternativ Méiglechkeeten do sinn, wéi zum Beispill den elektreschen Auto,” esou de Philippe Mersch, President vun der FEDAMO, dem Garagisten- an Distributeursverband.
Allerdéngs spigelt sech dat nach net direkt an de Verkafszuelen erëm. Den Undeel vun neien Elektroautoen un den Immatrikulatioune läit aktuell, wéi schonn am leschte Joer, bei ronn 27 Prozent.
Eng méi kloer Dynamik gëtt et awer um Occasiounsmaart. Besonnesch méi bëlleg Elektroautoen am Präisberäich tëscht 15.000 an 25.000 Euro ginn ëmmer méi gefrot. “Do ass eng Demande déi ganz kloer klëmmt. Mat der staatlecher Primm gëtt d’Uschafe vun engem elektreschen Auto och fir vill Leit als zweeten oder drëtten Auto interessant,“ erkläert de Philippe Mersch.
D’staatlech Hëllefen – wéi eng Primm vu bis zu 1.500 Euro fir Occasiounsautoen – spillen dobäi eng wichteg Roll.
Ob déi aktuell Kris ronderëm d’Bensinnspräisser en dauerhaften Opdrifft fir d’Elektromobilitéit gëtt, bleift ofzewaarden. Kloer ass awer schonn elo: D’Mobilitéit ass am Wandel an d’Käschte ginn ëmmer méi zum decisive Facteur bei der Wiel vum nächste Gefier.