
Camionnetten tëscht 2,5 an 3,5 Tonnen, déi fir internationale Wuerentransport agesat ginn, mussen zanter dem 1. Juli mat engem Tachograph ekipéiert sinn. Privat Gefierer oder Handwierker, déi Baumaterial transportéieren, falen net ënnert déi nei Reegelen. Tachographen zeechnen d'Fuerzäit an d'Pausen op. D'Ziler vun den europäesche Reegele sinn: méi Sécherheet a manner deloyal Konkurrenz.
Vum 1. August u wäert d'Douane mat spezifesche Kontrollen ufänken, esou d'Administratioun op Nofro hin. Se huet zesumme mam Mobilitéitsministère de 16. Mäerz eng Informatiounsronn organiséiert a se war op der Generalversammlung vum Groupement du transport dobäi. D'Douane schreift awer och, datt trotzdeem “bisweile vill Froen iwwert déi nei Reegelung un d'Douane adresséiert ginn, well vill Leit oder Betriber sech net sécher sinn, ob si fir hir Faarten en Tachograph brauchen oder net”.
Dobäi sinn déi nei Reegelen net esou nei, well se op e Reglement vun 2006 zeréckginn. Trotz allen Opriff z’anticipéieren, krute mer vun enger Locatiounsfirma erkläert, datt se nach net all hir Gefierer konnt mat Tachographen ekipéieren, well d'Nofro logescherweis aktuell grouss wier. Vun enger grousser europäescher Liwwerfirma krute mer gesot, d’Flott wier scho ganz ekipéiert. Béid Firmen, esou ewéi de Groupement du transport an d'Douane hätte keng Problemer am grenziwwerschreidenden Transport vu Wuere festgestallt.