Trafic zu Paräis massiv betraffStroumpann op der Gare de l'Est, keng Departen bis op d'mannst 22 Auer

RTL Lëtzebuerg
Betraff heivunner sollen och den RER, Metroen an d'Ligne P vum Transilien.
Archiv-Foto
© afp

Eng gréisser Stroumpann huet de Fonctionement vun der Paräisser Gare d'Est zu groussen Deeler op Äis geluecht. Betraff sinn all d'Departen déi vun der Paräisser Gare aus sollte fortfueren, dat mol nach bis op d'mannst 22 Auer en Donneschdeg den Owend.

Ma betraff sinn awer net nëmmen d'Zich, déi ënnert anerem och Verbindunge mat Lëtzebuerg hunn, ma ënnert anerem och déi komplett Linn E vun RER an d'Linn P vun Transilien. "Ekippen sinn op der Plaz fir eng Analyse ze maachen an d'Installatiounen ze sécheren", sou d'SNCF der AFP géigeniwwer.

Back to Top
CIM LOGO