
A Frankräich streiken e Mëttwoch d'Eisebunner. Concernéiert sinn eng ganz Partie regional Zich. Donieft sinn all zweeten Intercity an all drëtten TGV annuléiert ginn, sou dass den Zuchtrafic an eisem Nopeschland staark perturbéiert ass.
Zum Streik opgeruff haten déi véier grouss Gewerkschafte vun der SNCF. Si fuerderen eng Hausse vun de Paien a wiere sech dogéint, datt de Secteur fir Konkurrenz opgemaach gëtt.
Och d'Connexioune mat Lëtzebuerg si betraff. Op der Streck Lëtzebuerg-Thionville-Metz ass bis Mëtternuecht mat Problemer ze rechnen. Detailer op cfl.lu