20 Joer méi spéitSaarautobunn - D'Opfaart zu Fréiseng soll ugangs nächst Woch opgoen
Wei eis Kolleege vun Eldoradio um Dënschdeg de Mëtteg mellen, wäert d'Autobunnsopfaart Fréiseng op der A13 d'nächst Woch definitiv opgoen.
20 Joer laang gouf viru Geriicht gestridden: de Grond war e Proprietär, deen dëst Stéck Strooss net einfach esou hiergi wollt. D’Geriichter haten dunn am Abrëll tranchéiert an Ufank Mee gouf ugefaangen, mat schaffen. Wéi Eldoradio elo op Nofro hi vum Mobilitéitsministère gesot krut, wäerten dës Aarbechten dann och ugangs nächster Woch fäerdeg sinn, sou, dass d’Opfaart dann och opgoe soll.
Situatioun Mëtt Abrëll 2022 © Christophe Hochard
Fotoe vum Abrëll 2022 © Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Saarautobunn: Am Mee fänken Aarbechten un der Opfaart zu Fréiseng un (20.4.22)