
Dat betrëfft d'Foussgänger an d'Vëlosfuerer. Zanter dem 3.Mäerz ginn hei nämlech Renovéierungsaarbechten un der Bréck "Aal Schwemm" duerchgefouert. Et mussen hëlzen Elementer ersat ginn.

D'Bréck bleift dowéinst viraussiichtlech fir ongeféier 2 Méint gespaart, esou d'Informatioun op engem Panneau bei der Bréck.