
An der Belsch ass um Méindeg nees e gréisseren nationalen Protestdag. E puer Gewerkschaften hunn opgeruff, géint d'Budgetspläng vun der Regierung ze manifestéieren an ze streiken, notamment an der Fonction publique.
Bis den Owend 22 Auer gëtt et dofir och just e limitéierten Zuch-Trafic, och bei de Verbindungen mam Grand-Duché. Reesender si gebieden, sech am viraus um Site vun den CFL iwwer méiglech Repercussiounen op hiren Trajet z'informéieren.
An der Wallonie ass de Busreseau och impaktéiert, genee wéi d'Metro an den Tram zu Bréissel.
Nodeems e Freideg schonns eng national Demo deels aus dem Rudder gelaf war, rechent d'Police och fir dëse Méindeg nees mat méiglechen Ausernanersetzungen mat Manifestanten. Et wier een op alle Fall dorop virbereet, heescht et vu Bréissel. Eng zentral grouss Demo ass fir dëse Méindeg awer net virgesinn.