
Vun e Freideg den Owend 20 Auer bis e Méindeg de Moie 5 Auer ass d'A4 Richtung Esch tëscht dem Rond-point Märel an dem Zéissenger Kräiz fir den Trafic gespaart, dat well hei en neien Tapis geluecht gëtt.
Eng Deviatioun geet iwwert d'N56 (Hollerech), d'N4 eriwwer op den Echangeur Hesper, vu wou aus een dann d'A3 Richtung Metz kann huelen, op d'Gaasperecher Kräiz, fir da via d'A6 Richtung Belsch op d'Zéissenger Kräiz ze kommen, a vun do dann zeréck op d'A4.
Wéinst de Preparatiounsaarbechte fir dëse Schantjen dierft et schonn e Freideg am Nomëtteg zu Perturbatiounen am Trafic kommen.