Jorelaang ass mat de Proprietäre vun den Terrainen diskutéiert a verhandelt ginn. 2005 war fir déi éischte Kéier iwwer den Ausbau vum Vëlosreseau geschwat ginn. Dëse Freideg, also eng 20 Joer méi spéit, ass de symboleschen éischte Spuedestéch fir den Ausbau vun der Vëlosstreck PC22 gemaach ginn, déi vun der Bleesbréck iwwer Tandel op Furen verlafe soll.
Bis Enn des Joers soll domat eng nei Verbindung tëscht den Däller vu Sauer an Our geschaaft ginn.
Iwwer sechs Kilometer soll déi nei Vëlospist kréien. Bei der Bleesbréck gëtt déi nei Streck un den existenten Tracé laanscht d’Sauer ugeschloss, wärend se zu Furen un déi bestoend Ourdall-Pist stéisst. Et ass e Projet, dee scho méi laang an der Planung war, sou d’Buergermeeschtesch vun Tandel Carole Gils.
“2005 ass d‘Streck ausgebaut gi bis op Furen. Dunn hunn d‘Planungen e bësse stagnéiert. Elo si mir Gott sei Dank sou wäit, dass d‘Terrainen an all déi néideg Mesuren do sinn, dass mir elo déi Streck kënnen ausbauen. Ech denke fir Vëlosfuerer ass dat eng flott Streck duerch d‘Natur an awer an der Proximitéit zu der Haaptstrooss.”
Besonnesch ass dobäi, datt en Deel vum Parcours dem Tracé vun der fréierer Eisebunnslinn “Benni” nofiert, déi fréier Dikrech a Veianen matenee verbonnen huet. Ee vun den Héichpunkte vun der Streck ass den alen Eisebunnstunnel zu Furen, deen an de Parcours integréiert gëtt, wéi de Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen erkläert.
“Se féiert engersäits hei op der Bleesbréck laanscht d‘Bleesmillen an och laanscht de Millekanal. An da kënnt dee ganz intressante Passage zu Furen, wou et dann duerch den Tunnel geet, wou fréier de Benni doduerchgefuer ass, wat wierklech ganz spektakulär ass, et si 70 Meter Tunnel, déi dann effektiv weider erhale bleiwen.”
De Parcours féiert vun der Bleesbréck laanscht d’Baach Blees bis bei d‘Selz, wou ënner anerem eng nei Bréck gebaut gëtt.
“Déi al Bréck gëtt ewechgerappt a gëtt duerch eng nei Bréck ersat, déi bëssi méi héich geluecht gëtt, aus dem ganz einfache Grond: Wann elo de Cyclisten hierkënnt vun der Bleesmillen, da soll hien och ënnert déi Bréck doduerch passen. Aktuell ass dat bëssi onméiglech, dofir muss si méi héich geluecht ginn.”
D’Käschte fir den Ausbau vun der Vëlospiste leie bei ronn 3 Milliounen Euro.