Aarbechten dauere bis den 31. Mee 2026N4d an Deeler vun der Jonctioun Lankelz zu Esch-Uelzecht gespaart

RTL Lëtzebuerg
Op der N4d an an der Bretelle, déi an der Jonctioun Lankelz vu Raemerich a Richtung Péiteng féiert, gëtt en neien Tapis geluecht.
Stroossenaarbechte wärend der Päischtvakanz zu Esch-Uelzecht
Stroossenaarbechte wärend der Päischtvakanz zu Esch-Uelzecht
© Administration des ponts et chaussées

En Dënschdeg, 26. Mee fänken zu Esch-Uelzecht um 7 Auer Stroossenaarbechten un, déi initiale bis e Samschdeg, den 30. Mee owes um 20 Auer dauere sollten. E Freideg koum awer de Message säitens Ponts et Chaussées, dass d'Aarbechten een Dag méi laang, also bis den 31. Mee 2026 bis 17 Auer wäerten daueren.

Dee Moment kritt d'N4d en neien Tapis, grad sou wéi d'Bretelle vun der Jonctioun Lankelz, déi vu Raemerich a Richtung Péiteng féiert.

D'Deviatioune lafen iwwert de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte, de Boulevard Pierre Krier, de Boulevard Charles de Gaulle an d'Rue Henri Koch.

An der Iwwersiicht:

Stroossespären an Deviatiounsplang zu Esch-Uelzecht

Back to Top
CIM LOGO