
Den Hang war gerëtscht an et huet riskéiert, datt nach weider déck Fielsbrocken op d'Strooss kéinte falen. Dowéinst gouf d'N10 tëscht Waasserbëlleg an der Kräizung fir op d'A1 ze komme komplett fir den Trafic gespaart.
Nodeem de Problem geléist an alles ofgeséchert gouf, konnt d'Streck dëse Mëttwoch nees opgoen.