CFLModerniséierung vun der Nordstreck tëscht Mecher an Draufelt
An der éischter Woch vun der Vakanz goufen 14,4 Kilometer Schinne verluecht an domadder gouf de Startschoss ginn, fir d'Netzwierk ze moderniséieren.
Verëffentlecht: 20.04.21 16:10, Update: 20.04.21 16:30
D'Schinnen tëscht Mecher an Draufelt op der Linn 10 goufen a béid Richtunge komplett nei verluecht. Dobäi goufen déi Schwellen aus Holz duerch der aus Bëtong ersat, esou datt se méi eng laang Liewenserwaardung hunn. Dës Aarbechte waren am Kader vum Renouvellement vun der Nordstreck, op där verschidde Deeler nach aus dem Joer 1980 sinn.
Dës Aarbechte ginn traditionell an deenen Zäite gemaach, wou manner Trafic op de Strecken ass.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
PDF: De Communiqué vun den CFL